Oprëschtung an der Praxis "grenziwwerschreidend denken", mee "schwiereg"
De Spezialsommet huet 2 getrennte Konklusiounen zeréckbehalen: Net 27, mee 26 EU-Staate verspriechen der Ukrain weider ferm a laangfristeg d'Ënnerstëtzung.
27 Staaten, och Ungarn, sinn dann averstanen, fir d’Sécherheet vun der europäescher Unioun massiv ze stäerken.
3 Sätz vum Premier Luc Frieden:
"Mir mengen all, datt Russland net mat der Ukrain ophält."
"Mir wëssen net, wat Amerika mam neie President mécht."
"Mir mussen eis selwer verdeedegen."
D’EU huet de Rearm Europe Plang guttgeheescht: den Detail muss nach konkretiséiert ginn, mee 800 Milliarden Euro sollen déi nächst Jore mobiliséiert ginn. EU-Gelder a virun allem méi labber Budgetsreegelen: also méi Scholde fir d’Defense.
Wéi vill Lëtzebuerg bäidroe wëll? De Luc Frieden wollt sech nach net festleeën, mee et wäert budgetär Reorientéierunge ginn. D’Regierung beréit ënnerteneen, mee och mat den anere Parteien aus der Oppositioun. Et wäerte musse Choixe getraff ginn, mee dat bräicht Zäit. De Premier huet den Nato-Sommet am Summer als Stéchdatum genannt fir eng Decisioun.
Oprëschtung an der Praxis schwiereg
D’Sue sinn dat Eent. D’Praxis dat anert.
Fir opzerëschten, wëll d’EU Loft- a Missileofwiersystemer, Artillerie, Munitioun, Dronen an Anti-Dronen, mee och Protektioun vu kritescher Infrastruktur an an an: fir besser opzerëschten, wëll se zesumme bestellen, Standarden harmoniséieren, se wëll Interoperabilitéit.
Op d’Remark, datt an der EU eenzel Industrien a Konkurrenz stinn an d’Staate selwer e Stéck vum Kuch wëllen, wann opgerëscht gëtt, huet de Premier dat hei geäntwert: "Et ass legitim, datt jidderee versicht, seng Entreprisen z’ënnerstëtzen (...), mee ech mengen och, datt mir musse méi grenziwwerschreidend schaffen an denken." An der Praxis géing dat schwiereg ginn, mee all d’Memberstaate misste sech bewosst sinn, datt een an engem "neie Film" wier.
Ewéi et d’Technicitéite vun der Interoperabilitéit ginn op Niveau vun de Verdeedegungsministere gekläert. De Luc Frieden mengt des Weideren och, datt esou oder sou, d’EU och weider aus den USA géing kafen an dowéinst gleeft hie wieder un d’transatlantesch Zesummenaarbecht.
US-Approche mat Ukrain entsprécht net dem "Solidaritéitsgedanken"
Wat déi weider Hëllef vun der EU fir d’Ukrain ugeet, ouni d’USA, do gouf d’Slowakei iwwerzeegt, andeems eng Léisung iwwert den Transit vu russeschem Gas soll fonnt ginn. Ungarn dogéint bleift mat Moskau a Washington alignéiert a wëll net hëllefen. D’EU mécht also zu 26, ouni Orban, weider. D'Konklusiounen halen zréck, datt dëst Joer 30,6 Milliarden Euro fir d'Ukrain duerch déi dediéiert europäesch "Facility" zur Verfügung gestallt ginn, esou wéi duerch de G7-Fong fir d'Ukrain. Dee Fong gëtt duerch Recetten op agefruere russesch Gelder alimentéiert.
Freet d’EU dann ewéi d’USA Zougank op Buedemschätz en Echange vun Sécherheetsgarantien? Nee, esou de Luc Frieden, deen och fënnt, datt d’Approche vun den USA net dem "Solidaritéitsgedanken" an der EU géing entspriechen. Vun de Gespréicher tëscht Frankräich an der Ukrain zum Thema rar Äerd wéisst hien näischt. D’EU-Memberstaate si fir de Fridden, mee am Géigesaz zu Ungarn, wëlle se d’Ukrain kenger Kapitulatioun aussetzen a froe Sécherheetsgarantien.
Ufanks nächster Woch gesi sech d'Chefs d’Etat Major zu Paräis. An zwou Woche gëtt de Point op engem uerdentlechen EU-Sommet hei gemaach. Dotëscht wäert nach ganz vill passéieren. Mee dat war et mol graff resuméiert fir dëse Spezialsommet.
Weider Deklaratiounen an Informatioune vum Sommet en Donneschdeg fannt Dir hei.