Dat huet seng Famill e Freideg RTL géigeniwwer confirméiert.

Den 22 Joer jonken Tourist, mat familiärem Lien zu Lëtzebuerg, ass verschwonnen, wéi hie wollt wandere goen. Griichesch Medien hate gemellt, datt e Grupp vu Biergsteiger seng Läich am fréie Freidegmoie fonnt hat, dat net wäit vun der Samaria-Schlucht ewech. An där Géigend ass de Johann Williams och fir d'lescht Kéier gesi ginn, eng Iwwerwaachungskamera hat hie gefilmt, wéi e vum Parking a Richtung Schlucht getrëppelt ass. Warscheinlech wollt hien op den 2.000 Meter héije Bierg Gingalos klammen.

RTL

D'Samaria-Schlucht ass besonnesch beléift bei Touristen. Net wäit vun do gouf de Johann Williams fir d'lescht gesinn.

Wärend Woche gouf vun de griicheschen Autoritéiten nom 22 Joer ale Student gesicht, dat mat Helikopteren, Dronen a Sichhënn, wéinst staarkem Niwwel an engem schwéier zougänglechen Terrain allerdéngs ouni Succès. D'Famill hat fir d'lescht eng eege Sich lancéiert an déi och gréisstendeels selwer finanzéiert.

Ob et sech bei der Läich definitiv ëm den 22 Joer ale Johann Williams handelt, soll elo eng Autopsie klären.