Zuel vun Doudesaffer am Myanmar an an Thailand klëmmt op iwwer 1.600
Dat schwéier Äerdbiewen e Freideg war a méi Länner a Südostasien ze spieren. Am stäerkste getraff gouf Myanmar.
Et gëtt vill Doudeger nom schroen Äerdbiewen a Südostasien. Eleng am Myanmar schwätzen d’Autoritéiten antëscht vun 1.644 Doudesaffer an 3.408 Blesséierter, souwéi bis ewell ronn 140 Vermëssten. An engem éischte provisoresche Bilan e Freideg den Owend goung nach rieds vun 144 Doudegen. Äerdbiewen-Experte ginn dovunner aus, datt d'Zuel nach vill méi héich dierft leien. Si fäerten dausenden Doudesaffer. D'US-Äerdbiewen-Autoritéit (USGS) fäert, datt am Myanmar an de weidere betraffene Regiounen iwwer 10.000 Leit ëm d'Liewe kéinte komm sinn.
D'US-Äerdbiewen-Autoritéit USGS hat e Freideg beim Äerdbiewen an der Géigend vu Mandalay, der zweetgréisster Stad am Myanmar, eng Stäerkt vu 7,7 op der Richterskala an enger Déift vun 10 Kilometer gemooss. D'Äerdbiewe war géint 14.20 Auer Lokalzäit (7.50 Auer Lëtzebuerger Zäit) 16 Kilometer nordwestlech vun der myanmarescher Stad Sagaing.

Den Epizenter vum Biewe louch an der Stad Mandalay am Zenter vu Myanmar / © AFP/Nicholas Shearman
Doudesaffer och an Thailand
D’Biewe war och an Thailand, China an am Vietnam ze spieren. An der thailännesch Haaptstad Bangkok hunn d'Autoritéiten um Sonndeg matgedeelt, datt d'Zuel un Doudesaffer op 18 geklommen ass. 32 weider Leit wiere blesséiert ginn an 83 Persoune géingen nach vermësst ginn. An der Haaptstad Bangkok, ronn dausend Kilometer vum Epizentrum vum Biewen ewech, war e Freideg ënnert anerem een Héichhaus, wat nach am Bau war, an de Koup gefall.
Zu Bangkok an a 6 Regiounen am Myanmar ass den Noutstand ausgeruff ginn.

Iwwerreschter vun engem Gebai zu Bangkok / © AFP
EU stellt Direkthëllef bereet
D'EU huet nom uergen Äerdbiewen de Copernicus-Satellittendéngscht aktivéiert an huet éischt 2,5 Milliounen Euro fir Direkthëllef zur Verfügung gestallt. D'Suitte vum Äerdbiewe wäerte mat der Ënnerstëtzung vum Satellittendéngscht besser ze beurteele sinn, sou déi europäesch Kommissioun e Freideg den Owend. D'Sue sollen dozou bäidroen, den am stäerkste betraffene Leit ze hëllefen. Jee no Besoin solle weider EU-Hëllefe mobiliséiert ginn.
Och d'USA wëllen hëllefen
Och den US-President huet Hëllef annoncéiert. "Mir wäerten hëllefen. Mir hu scho Leit alarméiert. Jo, et ass schrecklech, wat geschitt ass", sou den US-President Donald Trump e Freideg den Owend zu Washington.
D'US-Entwécklungshëllefsautoritéit USAID, déi vum Trump praktesch opgeléist gi soll, géing nach iwwer en Team vu Katastrophenexperte verfügen, dat am Noutfall direkt reagéiere kéint, sou d'Spriecherin vum US-Ausseministère Tammy Bruce.
Lëtzebuerger Ausseministère hëlleft betraffene Residenten aus dem Grand-Duché
De Lëtzebuerger Ausseministère hat e Freideg am Nomëtteg op Nofro hi matgedeelt, keng Informatiounen iwwer Lëtzebuerger Residenten ze hunn, déi blesséiert goufen. Iwwer Facebook gouf RTL e Freideg den Owend op d'Situatioun vun engem Belsch-Lëtzebuerger opmierksam gemaach, deen zum Zäitpunkt vum Äerdbiewen zu Bangkok war a blesséiert ginn ass.
Den Ausseministère këmmert sech ëm Lëtzebuerger Bierger, déi am Ausland sinn an Hëllef brauchen. Op Nofro heescht et, dass d'Permanence weider zur Verfügung steet fir Lëtzebuerger, déi an Thailand an am Myanmar sinn an Hëllef brauchen. D'Nummer vun der Permanence ass den 247 87121.