Iwwer Facebook gouf RTL op d'Situatioun vum Belsch-Lëtzebuerger opmierksam gemaach, deen zum Zäitpunkt vum Äerdbiewen zu Bangkok war an nach ëmmer ass...

Wéi de Mann RTL géigeniwwer an engem Telefonsgespréich gesot huet, wier hien zesumme mat zwou weidere Persounen, engem Mann an enger Fra aus dem Grand-Duché, zu Bangkok an Thailand gewiescht, wéi dat uergt Äerdbiewe vun e Freideg am Myanmar lassgaangen ass. Kuerz drop wier et, do wou hie war, zu enger Panik bei de Leit komm, an dobäi hätt hie sech dunn de Fouss gebrach.

U sech sollt de Grupp e Freideg den Owend zeréck heem op Lëtzebuerg fléien, et wier een och schonn um Fluchhafen zu Bangkok gewiescht. Hei gouf him d'Heemrees awer refuséiert, dat op Grond vu sengem Broch am Fouss.

De Mann huet nees missten an d'Spidol, och déi zwou aner Persounen hunn de Fluch op Lëtzebuerg net geholl, ma hunn de blesséierte Lëtzebuerger an d'Spidol begleet, wou säi Fouss geröntgt gouf, fir méi Detailer iwwer de Broch erauszefannen.

Um 11 Auer e Samschdeg de Moien (Lokalzäit) wäert hie vun engem Spezialist am Spidol matgedeelt kréien, op eng Rees mat engem Fliger direkt méiglech ass oder op de Broch muss operéiert ginn, sou de Mann RTL géigeniwwer. Hien huet och betount, dass se fir den Ament nach net wéisste wéi a wéini se heem kéimen.

Permanence vum Ausseministère ass disponibel

Den Ausseministère këmmert sech ëm Lëtzebuerger Bierger, déi am Ausland sinn an Hëllef brauchen. Op Nofro heescht et, dass d'Permanence weider zur Verfügung steet fir Lëtzebuerger, déi an Thailand an am Myanmar sinn an Hëllef brauchen. D'Nummer vun der Permanence ass den 247 87121.