Nom schroen Äerdbiewen a Südostasien ass d'Zuel vun den Doudesaffer an der thailännescher Haaptstad Bangkok op 17 geklommen.

32 weider Leit wiere blesséiert ginn an 83 Persoune géingen nach vermësst ginn, sou d'Autoritéite vun der thailännescher Milliounestad e Sonndeg. Et geet een dovunner aus, datt sech déi vermësst Persounen all op engem Chantier vun engem Héichhaus befannen. D'Héichhaus mat 30 Etagen, wat am Bau war, war duerch d'Äerdbiewen an de Koup gefall.

E Freideg hat et am Myanmar een Äerdbiewe vun der Stäerkt 7,7 ginn. An Thailand hat de Buedem och gewackelt. Am Myanmar goufe bis ewell iwwer 1.600 Doudeger gemellt. D'Zuel vun Doudesaffer dierft nach staark klammen. Experte gi vun dausenden Doudegen aus.