D'EU wäert op déi annoncéiert US-Importtaxen an Héicht vun 20% fir europäesch Produite mat Géigemesurë reagéieren.

Dat huet d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen wärend enger Visitt an der usbekescher Stad Samarkand annoncéiert. Gläichzäiteg huet si d'Dier fir Verhandlungen opgelooss. Et wier nach net ze spéit fir Negociatiounen, sou d'Kommissiounspresidentin.

D'EU-Memberstaate géifen awer un engem Pak vu Géigemesurë schaffen fir "eis Interessen an eis Entreprisen ze schützen, falls d'Verhandlunge scheiteren.", sou d'von der Leyen. D'EU-Kommissioun hat scho Mëtt Mäerz Géigemesurë géint déi zousätzlech amerikanesch Importtaxen op europäesche Stol an Aluminium annoncéiert. Déi nei Mesurë géifen dann zousätzlech zu dësen a Kraaft trieden.

D'Ursula von der Leyen huet allerdéngs signaliséiert, dass ee géigeniwwer den USA weiderhi gespréichsbereet wier. Et géif eng Alternativ zu der géigesäiteger Taxatioun ginn. Den EU-Handelskommissär Maros Sefcovic wier a stännegem Kontakt mam amerikaneschen Handelsminister Howard Lutnick. Et wäert ee sech beméien, d'Hindernisser ofzebauen, amplaz se ze erhéijen.

Et ass allerdéngs onkloer, ob d'USA hirersäits och op d'EU wéilten duergoen. Esouwuel d'von der Leyen wéi och de Sefcovic bezweifelen, dass d'amerikanesch Regierung wierklech un enger Zesummenaarbecht mat der EU interesséiert ass.