Fënnef Deeg nom Gewaltverbriechen zu Weitefeld, bei deem eng Famill vun dräi Leit gestuerwen ass, ass de verdächtegen Täter nach ëmmer op der Flucht.

Bis ewell wieren eng 600 Hiweiser bei der Police agaangen, wéi et e Freideg heescht. Hiweiser zu relevante Plaze géingen deemno prioriséiert ofgeschafft ginn. D'Kriminal-Direktioun Koblenz huet eng Spezialkommissioun vun 100 Leit en place gesat.

Déi dräi Doudeg, e 47 Joer ale Papp, eng 44 Joer ale Fra an hire 16 Joer ale Bouf, waren e Sonndeg de Moien an engem Haus zu Weitefeld fonnt ginn. Wéi d'Beamte bei d'Haus komm sinn, war e Mënsch, warscheinlech e Mann, geflücht.

Als Verdächtegen identifizéieren d'Beamten en 61 Joer ale Mann aus der Nopeschuertschaft. Géint hie gëtt et e Mandat d'arrêt wéinst dem Verdacht vun dräifachem Mord.

RTL

© Kriminaldirektion Koblenz

D'Police huet gewarnt, datt de Mann, deen eventuell arméiert ass, sech wuel verstoppt. D'Motiv wier awer nach net kloer. Och a wéi engem psycheschen Zoustand hie wier, wier net gewosst.

Géint 3.45 Auer e Sonndeg de Moien hat d'Fra, déi deen Ament nach gelieft huet, d'Police selwer iwwer den Noutruff kontaktéiert. Wéi d'Polizisten ukoumen, war si schonn dout.

Déi dräi Läiche louchen all an engem Raum. Den Ermëttlungen no goufe si mat Schoss- a Stéchwaffen ëmbruecht. Hiweiser op en interfamiliären Hannergrond gouf et net. Weider Informatioune ginn et um Site vun der Police aus Rheinland Pfalz.