Iwwer eng Woch nom Mord un enger Famill am Westerwald hunn d'Ermëttler eng Belounung ausgesat, fir den Täter ze fannen, deen nach ëmmer op der Flucht ass.

Wéi et vum Parquet vu Koblenz heescht, géingen Hiweiser, déi dozou féieren, datt den Täter fonnt gëtt, mat 10.000 Euro belount ginn. Trotz grousser an internationaler Sich wier et nach net gelongen, den 61 Joer ale Mann festzehuelen.

Och d'Hannergrënn vun der Dot si bis ewell nach net gewosst. Déi dräi Doudeger, e 47 Joer ale Papp, eng 44 Joer al Mamm an hire 16 Joer ale Bouf, waren de 6. Abrëll an engem Haus zu Weitefeld a Rheinland-Pfalz fonnt ginn. Wéi Beamte méi no bei d'Haus koumen, war eng Persoun geflücht - warscheinlech e Mann.

Als Verdächtegen huet d'Police en 61 Joer ale Mann aus dem Nopeschduerf identifizéiert. Géint hie gëtt et e Mandat d'arrêt wéinst dem Verdacht vun dräifachem Mord. D'Police huet gewarnt, datt hie sech méiglecherweis arméiert verstoppt. A wéi engem psycheschen Zoustand hien ass, ass net genee gewosst.

RTL

© Kriminaldirektion Koblenz

Um 3.45 Auer hat d'Fra, déi dee Moment nach gelieft huet, selwer den Noutruff geruff. Wéi d'Polizisten op der Plaz ukoumen, war si schonn dout. Déi dräi Läiche louchen all an engem Raum.

Den Ermëttlungen no goufe si mat Schoss- a Stéchwaffen ëmbruecht. Hiweiser op en interfamiliären Hannergrond gouf et net. D'Police huet eng Spezialkommissioun lancéiert.