Pete Hegseth soll op en Neits sensibel Militär-Informatioune verroden hunn

© AFP/Brendan SMIALOWSKI
Medie mellen, dass hie sensibel Detailer iwwer Loftattacken am Mäerz op Positioune vun den Huthi och an enger weiderer Chat-Grupp verroden huet.
Zu dëser Grupp um Messenger-Service Signal géifen eng Dose Leit gehéieren, dorënner seng Fra, säi Brudder a säin Affekot. Souwuel Brudder ewéi Affekot schaffen als Beroder am Verdeedegungsministère, seng Fra schafft net fir d'Defense.
New York Times a CNN mellen, dass et net kloer ass, ob déi zwee Männer an dem Hegseth seng Fra déi Informatiounen aus sécherheetsrelevante Grënn dierfen hunn.
Op en Neits ginn et elo Fuerderungen, den Defenseminister misst entlooss ginn. D'New York Times berifft sech an hirem Reportage op véier Sourcen, déi Liene mat dëser Chat-Grupp sollen hunn.