Indien stellt pakistanesche Staatsbierger keng Visae méi aus. Dat mat Effet immédiat.

All Visaen, déi schonn u Pakistaner ausgeliwwert goufen, gi vun e Sonndeg un annuléiert.

All pakistanesch Bierger, déi den Ament an Indien sinn, mussen d'Land verloossen, ier hire Visa ofgelaf ass. Medezinesch Visae sinn nach bis den 29. Abrëll déi aner Woch gülteg.

Den Ausseministère réit dann och allen Inder, net a Pakistan ze reesen an huet seng Bierger a Pakistan gefrot, sou wéi wéi méiglech zréckzekommen.

Um Mëttwoch den Owend hat Indien eng Rei Mesurë géint Pakistan annoncéiert.

RTL

Attack mat 26 Doudesaffer am Kaschmir

Bei enger Attack op Touristen zu Pahalgam an der Regioun Kaschmir sinn en Dënschdeg op d'mannst 26 Persoune gestuerwen. Et gouf och eng Rei Blesséierter. Dat huet déi lokal Police matgedeelt.

Den indeschen Inneminister Amit Shah huet vun enger terroristescher Dot geschwat. Den indesche Premierminister Modi huet d'Attack op dat schäerfst verurteelt, déi Responsabel géifen zur Rechenschaft gezu ginn.

An der Regioun Kaschmir suerge Rebellen ëmmer nees fir Onrouen. Si fuerderen d'Onofhängegkeet vun der Regioun oder en Uschloss u Pakistan. De Groussdeel vun de Bewunner vu Kaschmir hunn de muslimesche Glawen.

RTL

© TAUSEEF MUSTAFA AFP