Schied un Exponater an Déifstall am NaturmuséeAusstellungsdéiere kënnen net einfach ersat oder gefléckt ginn

Samantha Weber
Deene meeschte wëllen Déiere kënnt een a fräier Natur ni esou no wéi an engem Musée. Am Naturmusée kënnt een hinne souguer ganz besonnesch no... eng quasi eenzegaarteg Experienz fir d'Visiteuren, zum Nodeel vun der Wëssenschaft.

Déieren haut no erliewen, vun alle Säite entdecken, ouni duerch Glas mussen ze kucken a sech ze krëmmen, fir Detailer hannendrun, drënner oder driwwer ze gesinn - dat ass dat Speziellt um Naturmusée am Gronn. Allerdéngs brauch et e puer Spillreegelen, fir datt déi opgestoppt Déieren och fir d’Visiteuren no engem nach schéin unzekucke sinn. Allerdéngs – wéi mat bal alle Reegelen – hält sech net jiddereen drun. Esou gi vill vun den opgestoppten Déieren trotz Verbuet ugepaakt oder geheemelt, et gëtt domat gespillt, sech drop gesat oder och mol en Deier geklaut.

Schied un Exponater an Déifstall am Naturmusée
Ausstellungsdéiere kënnen net einfach ersat oder gefléckt ginn

Eigentlech soll den Iesel an der Entrée vum Naturmusée en ofschreckend Beispill sinn, un deem de Leit bewosst gemaach gëtt, wat geschitt, wann d’Visiteuren déi ausgestallt Déieren upaken. En Ouer, un deem e Stéck ofgebrach ass a Plazen, wou de Pelz ofgedroe gouf vum villen Heemelen.

Den Iesel an der Entrée soll eigentlech als Ofschreckung déngen an de Leit weisen, wat geschitt, wa si déi opgestoppt Déieren upaken.
Den Iesel an der Entrée soll eigentlech als Ofschreckung déngen an de Leit weisen, wat geschitt, wa si déi opgestoppt Déieren upaken.
© Samantha Weber

Einfach reparéieren an ersetzen, kéint een elo denken. Et gi jo genuch Déieren dobaussen. Vum Käschtepunkt ofgesinn an dovun, datt verschidden Déiere schonn ausgestuerwe sinn, ka quasi keent vun den Exponater einfach ersat oder mat Ersatzdeeler reparéiert ginn. Alles muss vum selwechten Déier sinn. Zwar kann den Taxidermist vum Naturmusée, de Guillaume Becker, verschidde Schied nach behiewen, ma dacks kënnen d’Déieren net méi restauréiert ginn :

“Les poêles, les plumes qui sont cassés, on ne peut pas les changer, on ne peut pas les réparer. Il faut également savoir que chaque pièce du musée fait partie d’une collection scientifique qui a pour but de donner des données à la science et de prouver la place de chaque animal à un moment donné dans le temps. C’est à dire qu’on ne peut pas prendre différentes parties d’animaux et mettre sur d’autres, sinon les données scientifiques ne sont plus correctes, aussi bien au niveau ADN qu’au niveau morphologique.”

Zwee Beispiller vun Déieren, déi uerg beschiedegt goufen
Den Taxidermist vum Naturmusée, de Guillaume Becker, erkläert, datt verschidden Déieren nach restauréiert kënne ginn, anerer awer net méi.

E gutt Beispill vun engem Déier, dat méi dacks schonn huet misse restauréiert ginn, ass de Fennek, also de Wüüstefuuss. Reegelméisseg ginn d’Patte vum Wüüstefuus ugepaakt an dobäi ofgebrach. Vill Leit gesi just dat “léift” Déier, dat ee sou gären heemele wëll an et net ka maachen, wann et nach lieft – firwat also net elo seng Chance ergräifen? Vill Leit denken net drun, datt en opgestoppt Déier an engem Musée, ausser dem Ausgesinn an der DNA net méi vill mam liewegen Exemplar ze dinn huet. D’Ausstellungsobjete sinn nämlech net méi esou beweeglech, wéi wéi se nach gelieft hunn. Et si “fix” an “zerbriechlech” Objeten, erkläert de Patrick Michaely, Direkter vum Naturmusée. Virun allem bei de “Vullen ass et besonnesch problematesch, well dat si Fiederen. Wann ee bis eng Kéier d’Fiederen touchéiert huet an déi sti kromm, da kritt och dee beschten Taxidermist et nëmmen nach ganz schwéier restauréiert”.

Dacks sinn et awer net just Schied un den Déieren, ma et ginn och Leit, déi d’Exponater deels muttwëlleg futti maachen. Esou gouf engem Pinguin vun 1930 d’Genéck gebrach. Och wann net gewosst ass, wéi et genee geschitt ass, wier et dem Taxidermist no relativ schwéier dem Exponat d’Genéck ze briechen, ouni fest dru gezunn oder sech dru gehaangen ze hunn. An och wann de Guillaume Becker dëst Exponat wuel rëm reparéiert kritt, wäert ëmmer eng Mark bleiwen. Ersetze kann een de Pinguin aus der Antarktis awer net, “du fait de sa rareté, on ne peut absolument pas rajouter une autre pièce anatomique qui proviendrait d’un autre animal. Ce n’est pas possible, surtout au niveau scientifique”.

Wéi eng Déiere ginn am Dackste beschiedegt?
De Muséesdirekter Patrick Michaely erkläert, wéi eng Déiere besonnesch kriddeleg sinn, wann ee se upeekt.

Wärend den Ouvertureszäiten op d’Déieren oppassen, maache Surveillanten am Musée. Wa vill lass ass, wéi zum Beispill op der Nuit des Musée oder um Fest vum Naturmusée, kënnen och si hir Aen net iwwerall hunn. Gesi si awer eng Persoun en Exponat upaken, ob en Erwuessenen oder e Kand, maache si d’Leit frëndlech dorop opmierksam, datt dëst net erlaabt ass. Déi meescht géingen dëst och verstoen a sech direkt entschëllegen… verschiddene Leit awer ass dat egal an äntweren de Surveillanten dann och emol méi frech. Datt de Culot vun de Leit awer och méi wäit wéi just d’Upake geet, gesäit een och um Beispill vum klengen Igel, dee virun e puer Méint aus dem Musée geklaut gouf. Eigentlech zu dräi, waren d’Kéiseker enges moies op eemol just nach zu zwee. De Guillaume Becker geet reegelméisseg moies duerch d’Ausstellungsraim, fir ze kucken, ob Schied do sinn. Virun dräi Méint ongeféier huet awer op eemol ee vun den Däreldéiere gefeelt. Fortgelaf kann en net sinn, also geklaut. Wéini d’Déier fortkoum a wien et war, ass net gewosst, warscheinlech awer wéi eng gréisse Mass u Leit am Musée war. Wat awer kloer ass, ass, datt d’Däreldéier net bannent zwou Sekonne geklaut gouf. De klengen Igel louch nämlech eigentlech hannert enger klenger Mauer, hannert déi ee gräife muss a war op sengem Sockel festgemaach. Et huet also e bësse Kraaft gebraucht, wann och net allze vill. Gefilmt gouf keen, well am Musée keng Kameraen installéiert sinn, vill bréngen géingen dës dem Musée-Direkter no och net. An och eng Plainte bei der Police géing herno souwisou am Sand verlafen.

Natierlech kéint een elo denken, datt de Musée dach einfach Glas ronderëm d’Déieren opstelle kéint. Eng Iwwerleeung, déi den Naturmusée scho méi dacks hat. Allerdéngs verännert sech domat dat ganzt Raumkonzept. Wann de Musée ëmbaue géing, dann eréischt beim Opriichte vun enger neier Ausstellung. Bis elo wier dat awer “ni a Fro komm”, “well mir ebe wollten de Leit d’Méiglechkeet ginn, ganz no bei d’Déieren ze kommen. Natierlech als Konsequenz ass dann eben, datt d’Leit se upaken”, sou de Patrick Michaely nach.

“Bei enger Neigestaltung vun den Ausstellungen, déi awer elo net muer an och net iwwermuer wäert geschéien, wäerte mer dat hanner d’Glas bréngen, mee dat ass natierlech dann eeben och schued fir déi Leit, déi sech un d’Reegelen halen an net dohinner kommen, well et soll jo jiddereen, deen hei an de Musée kënnt, dovunner profitéiere kënnen, esou no wéi méiglech bei d’Déieren ze kommen an eng Experienz ze erliewen, déi een awer vläicht soss net méi an der Welt kann hunn.”


Weider Artikelen zum Theema:

Back to Top
CIM LOGO