No massiver Stroumpann
Stroum op Ibeerescher Hallefinsel fléisst gréisstendeels nees

De spueneschen Netzbedreiwer Red Electrica huet en Dënschdeg de Moie matgedeelt, dass iwwer 99% vun der Stroumversuergung nees retabléiert wieren.
Et géif ee weider dru schaffen, dass nees alles zu 100% funktionéiert. A Portugal hätten nees 95% vun de Clientë Stroum.
D’Ursaach vum deem gigantesche Blackout steet awer nach net fest. Bannent mol net 5 Sekonne wiere 15 Gigawatt Stroum einfach ewechgebrach, sot e Méindeg den Owend de spuenesche Premier Pedro Sanchez. Dat entsprécht ongeféier 60% vum Verbrauch a ganz Spuenien zu deem Ament. Esou eppes hätt et nach ni ginn. Et géif ee kee Grond ausschléissen.
Am meeschte gelies