Nationale Sécherheetsberoder Waltz soll US-Ambassadeur bei der UN ginn

© Andrew Harnik / Getty Images North America via AFP
Den US-President Donald Trump huet d'Medie-Berichter confirméiert, deenen no de Mike Waltz als Nationale Sécherheetsberoder vun den USA ophält.
Deemno wäert den Trump de Michael "Mike" Waltz als nächsten US-Ambassadeur bei de Vereenten Natiounen nominéieren, wéi den US-President en Donneschdeg op der Plattform X schreift. Domat huet den Trump Medie-Berichter confirméiert, deenen no de Waltz säi Poste misst ofginn.
Den US-Ausseminister Marco Rubio soll d'Amt vum Nationale Sécherheetsberoder kommissaresch an zousätzlech zu sengem Ministeramt iwwerhuelen.
D'US-Sender CBS News a Fox News hate virdru gemellt, datt de Waltz wéinst der sougenannter Chat-Affär d'Vertraue vum Trump verluer hätt a goe misst.
De bis ewell Nationale Sécherheetsberoder Mike Waltz hat ënner anerem am Ufank vum Mandat vum President Trump fir Opreegung gesuergt, well via net geséchert Chats iwwer vertraulech staatlech Donnéeën diskutéiert gouf. Duerch en Iertum war och e Journalist an e Message-Grupp gesat ginn, wou et ëm Attacken op d'Huthi-Rebellen am Jemen goung. Dës Informatioune sinn an der Suite an der Ëffentlechkeet gelant.
Den Trump hat op X awer erkläert, de Waltz hätt "a senger Zäit an Uniform um Schluechtfeld, am Kongress an als mäin Nationale Sécherheetsberoder... haart geschafft, fir d'Interesse vun eisem Land op déi éischt Plaz ze setzen". Hie wéisst, datt de Waltz dat och a senger neier Funktioun maache wäert.