Nieft militärescher Hëllef fir d'Ukrain engagéiert sech de Grand-Duché och am humanitäre Beräich am Land.

En Donneschdeg sinn d'Ministeren Bettel a Backes no enger kuerzer Visitt zréck vu Kyiv komm. Lëtzebuerg huet der Ukrain net just weider militäresch Hëllef versprach, ma engagéiert sech och am humanitären Beräich. Zënter 2022 si bal 100 Milliounen Euro an den Nees-Opbau an an humanitär Projeten investéiert ginn.
 
D'Lëtzebuerger Delegatioun huet bei hirer Visitt zu Kyiv net just den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj getraff, ma hat och eng Reunioun mat senger Fra. Déi ukrainesch First Lady huet direkt no der Invasioun d'Fondatioun Olena Selenska an d'Liewe geruff. Si këmmert sech ëm Kanner, déi besonnesch ënnert dem Krich gelidden hunn. Lëtzebuerg ënnerstëtzt der Fondatioun hir Projeten elo mat enger Millioun Euro, sot de Kooperatiounsminister Xavier Bettel.

De Grand-Duché ass awer och nach op aneren Plazen an der Ukrain am humanitäre Beräich aktiv. D'Luxembourg Development Agency, kuerz LuxDev, huet am Optrag vum Kooperatiounsministère eng Rëtsch Projeten um Lafen. Virop am Beräich Educatioun an Energie. De Gros vun de Projete ginn an der Regioun Kryvyi Rih realiséiert. Dat ass engersäits d'Heemecht vum President Selenskyj an anerersäits eng Géigend déi ekonomesch ganz wichteg ass fir d'Land.
 
E weidere Projet, dee Lëtzebuerg ënnerstëtzt, ass d'Entschäerfung vu Minnen. Zënter dem Februar 2022 huet de Grand-Duché 15 Milliounen Euro an d'Formatioun vun Demineuren investéiert.