De Bau op enger Insel viru San Francisco soll moderniséiert an ausgebaut an dann nees Schwéierverbriecher do agespaart ginn.

Alcatraz war 1963 wéinst den héije Betribskäschten no 29 Joer zougemaach ginn. Haut ass Alcatraz e Musée an d'Heemecht vu rare Vullen-Zorten. Vill Touriste gi sech de berüümte Prisong ukucken.

D'Insel mam Prisong läit ronn zwee Kilometer virun der Küst vun der kalifornescher Groussstad San Francisco an huet Plaz fir 336 Prisonéier. Wéi de Prisong nach a Betrib war, souzen do vill bekannt Verbriecher, ënnert anerem och de Mafiaboss Al Capone.

Den US-President Trump wëll Alcatraz elo also nees a Betrib huelen. Dofir muss awer alles erneiert ginn. Donieft soll Alcatraz och vergréissert ginn, fir déi geféierlechst a gewalttätegst Krimineller do anzespären. "Wéi mir nach eng eecht Natioun waren, hu mir net gezéckt, déi geféierlechst Krimineller anzespären a se wäit ewech vun allen ze halen, deene se schuede kënnen. Esou soll et och sinn", seet den Donald Trump op senger Onlineplattform Truth Social.