Indien attackéiert Ziler am Pakistan, Pakistan schéisst zeréck

© PUNIT PARANJPE / AFP
No engem Ugrëff vu pakistanesche Rebellen an der Regioun Kaschmir mat 26 Doudesaffer ugangs des Mounts ass d'Situatioun tëscht Indien a Pakistan ugespaant.
Indien a Pakistan hu laanscht hirer ëmstriddener Grenz e Mëttwoch schwéier Artillerie fléie gelooss, nodeems Nei-Delhi an enger gréisserer Eskalatioun tëscht deenen zwou Nuklearmuechten Ugrëff op d'Nopeschland lancéiert hat. Doudesaffer gi vu béide Säite gemellt.
Wéi et vun der pakistanescher Arméi heescht, ass d'Zuel vun den Doudesaffer duerch indesch Ugrëff op 26 geklommen. 46 Leit wieren iwwerdeems blesséiert ginn. D'pakistanesch Arméi huet eegenen Aussoen no ausserdeem fënnef indesch Jets iwwer Indien ofgeschoss.
Och vun der indescher Säit goufen Doudeger gemellt. An der Stad Poonch am indeschen Deel vu Kaschmir si lokalen Autoritéiten no op d'mannst aacht Leit gestuerwen, 29 weiderer goufe blesséiert.
Aus Nei-Delhi koum d'Meldung, Indien hätt "Prezisiounsugrëff op Terroriste-Basen" op néng verschidde Plazen am pakistaneschen Deel vu Kaschmir an am Punjab ausgefouert. Den Ugrëff kënnt e puer Deeg, nodeems Indien Islamabad fir eng déidlech Attack op den indeschen Deel vu Kaschmir responsabel gemaach hat.
Der indescher Arméi no wier "Gerechtegkeet retabléiert", mat der Ajoute, datt déi indesch Aktioune "fokusséiert, geméissegt an net-eskaléierend" gewiescht wieren. De pakistanesche Verdeedegungsminister Khawaja Muhammad Asif geheit dem indesche Premier Narendra Modi allerdéngs vir, d'Attacken ordonéiert ze hunn, fir seng Popularitéit am eegene Land ofzesécheren. Islamabad hätt awer retaliéiert.
Et war sech erwaart ginn, datt Indien eng militäresch Äntwert op d'Attack vum 22. Abrëll géif ginn, wou Touristen an dem indeschen Deel vu Kaschmir indeschen Informatiounen no vun der pakistanescher Terroristenorganisatioun Lashkar-e-Taiba ugegraff gi waren. 26 Leit, virun allem Hindu-Männer, si bei deem Ugrëff op den Touristen-Hotspot Pahalgam ëmkomm. Wärend keng Grupp d'Responsabilitéit fir d'Attack beusprocht huet, huet Nei-Delhi Islamabad responsabel gemaach. Indien huet an enger éischter Reaktioun ënnert anerem all pakistanesch Staatsbierger ausgewisen.
Et ass eng geféierlech Eskalatioun tëscht deenen zwee Nopeschlänner, déi zanter dem Enn vun der brittescher Kolonialherrschaft am Joer 1947 schonn eng Rei Kricher géintenee gefouert hunn. De Spriecher vum UN-Generalsekretär Antonio Guterres, de Stephane Dujarric, sot an engem Statement, de Guterres géif zu "maximaler Zréckhalung" opruffen. "D'Welt ka sech eng militäresch Konfrontatioun tëscht Indien a Pakistan net leeschten." Den US-President Trump sot Journalisten zu Washington géigeniwwer, hie géif hoffen, datt d'Kämpf "ganz séier" géifen ophalen.