20 Joer Prisong fir pedophillen Dokter wéinst 299 Mëssbrauchsfäll
Den haut 74 Joer ale pensionéierten Dokter huet d'Doten zouginn. 20 Joer Prisong ass déi héchstméiglech Strof fir den Ugekloten.
Weider Prozesser géint hien dierften nokommen.
De fréiere Chirurg hat sech zanter Februar wéinst sexuellen Iwwergrëff a Vergewaltegungen am westfranséische Vannes viru Geriicht musse veräntwerten. Him goufen 111 Vergewaltegungen an 189 sexuell Iwwergrëff reprochéiert. D'Doten hu sech iwwer 25 Joer gezunn vun 1989 bis 2014.
Seng Affer waren am Schnëtt 11 Joer al. Wéi de Medezinner a sengen Tagebicher genee notéiert huet, huet hie sech u Jongen a Meedercher ënnert dem Virwand vun Ënnersichungen oder wärend si ënner Narkos waren, vergaangen.
Schonn 2004 ware de Le Scouarnec wéinst dem Besëtz vu Kannerpornografie zu enger Prisongsstrof op Sursis verurteelt ginn. Nodeeler fir seng Karriär hat dat awer net, hien huet a ronn enger Dose Spideeler am Weste vu Frankräich héich Poste kritt.