Iran dreet europäesche Länner mat Revanche am Fall vu Sanktiounen

Den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi. / © POOL/AFP/Archiv/Tatyana MAKEYEVA
Hannergrond ass ee Rapport vun der internationaler Atomenergieagence IAEA.
An deem heescht et, den Iran hätt an deene leschten dräi Méint säi Stock mat Uran, deen op 60 Prozent ugeräichert ass, massiv an d’Luucht gesat. Fir de Bau vun enger Atombomm gëtt Uran gebraucht, deen op 90 Prozent ugeräichert ass. Den Iran weist de Rapport allerdéngs zeréck.
Hien hätt vum IAEA-Chef Rafael Grossi gefuerdert ze verhënneren, datt de Rapport "fir politesch Zwecker" mëssbraucht géif ginn, sot den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi e Sonndeg. Domat huet hie sech op Groussbritannien, Frankräich an Däitschland bezunn, déi Sanktiounen annoncéiert haten, falls den iraneschen Atomprogramm d'Sécherheet vun Europa menacéiere géif.
D'IAEA weist sech hirersäits "seriö besuergt" iwwert den Niveau vun der Uranuräicherung. Ausserdeem gouf d'Zesummenaarbecht mat Teheran bei der Iwwerpréiwung vun dem iraneschen Atomprogramm als "net zefriddestellend" kritiséiert.
Am Moment lafen tëscht dem Iran an den USA Verhandlungen iwwert een neit Atom-Ofkommes. Dëst soll de Kader setzen, fir datt den Iran engersäits Atomenergie fir zivil Zwecker notze kann, an anerersäits op de Bau vun Atomwaffe verzicht. Aus dem alen Ofkommes waren d’USA wärend dem President Donald Trump senger éischter Amtszäit erausgeklommen.