Dat huet de President Trump e Mëttwoch den Owend wësse gedoen. Et wéilt een "d’US-Bierger virun auslänneschen Terroriste schützen".

Concernéiert si Staatsbierger aus Afghanistan, dem Iran, Haiti, Libyen, Somalia, Sudan, Eritrea, der Republik Kongo, Equatorialguinea, dem Tschad a Myanmar.

Et wier d’Konsequenz vun der Attack op jiddesch Demonstranten am Colorado e Sonndeg, wou eng Dose Leit blesséiert goufen. Den Täter war en Ägypter, deem säi Visum an den USA schonn zanter zwee Joer ofgelaf war. Leit aus Länner, wou net anstänneg iwwerpréift gëtt, däerfen dofir elo net méi eran, sou den Donald Trump.