D'Frëndschaft tëschent dem X- an Tesla-Chef an dem US-President schéngt definitiv eriwwer ze sinn.

Den Donald Trump a säin Ex-Beroder Elon Musk hu sech ferm an den Hoer an ee beleidegt deen aneren op de soziale Medien. Schonn uganks dëser Woch hat sech e Sträit tëschent béiden ugedeit, nodeems de Musk op sengem Kuerznoriichtendéngscht X e Projet de loi vum Trump massiv kritiséiert huet.

Elo eskaléiert d'Ausenanersetzung: Den Trump bezeechent den Tesla a Space-X-Grënner als verréckt, deen dogéint seet, den Trump hätt se net méi all a misst vu sengem Amt enthuewe ginn.

Déi relativ penibel géigesäiteg Uschëllegunge suergen international an de Medie fir Schlagzeilen. Ebe well de Musk nach bis viru kuerzem jo quasi Deel vum Trump senger Regierungsekipp war an déi amerikanesch Fonction publique och sollt reforméieren. Hien hat den Trump och mat op d'mannst 250 Milliounen Dollar am Walkampf ënnerstëtzt.
Et gëtt och perséinlech: De Musk behaapt, den Donald Trump géif d’Epstein-Dokumenter net publizéieren, well hie selwer mat an d’Affär ronderëm de risege Mëssbrauchsskandal vum verstuerwenene Milliardär verwéckelt wier.