Zu Bogota a Kolumbien gouf de konservative Presidentschaftskandidat Miguel Uribe bei enger Ried ugeschoss. D’Regierung schwätzt vun engem Attentat.

De Politiker gouf zweemol um Kapp an eemol um Knéi getraff, hie gëtt an der Urgence behandelt. Den Täter gouf  festgeholl, der Police no ass et e Mannerjäregen.

D’Walen a Kolumbien sinn 2026, nach huet d’Campagne net offiziell ugefaangen.