Den US-President huet 2.000 weider Membere vun der Nationalgard bei d'Protester op LA geschéckt. Op X gëtt et schaarf Kritik vum Gouverneur Gavin Newsom.

"Op Uerder vum President mobiliséiert de Verdeedegungsministère zousätzlech 2.000 Membere vun der kalifornescher Nationalgard", dat huet de Pentagon-Spriecher Sean Parnell e Méindeg den Owend op der Plattform X annoncéiert. Si sollen d'Awanderungsagence ICE zu Los Angeles ënnerstëtzen an et de "Bundespolizisten erméiglechen, hir Aufgabe sécher auszeféieren". Donieft huet de Verdeedegungsministère annoncéiert, zousätzlech zu der Nationalgarde nach eng 700 Marines, also regulär Zaldoten, op Los Angeles ze schécken. Am Fong verbitt ee Gesetz aus dem 19. Joerhonnert, datt d'US-Arméi am eegene Land agesat gëtt. Dem Donald Trump no sollen d'Marines Gebaier vu Bundes-Agencë beschützen.

"Chaos a Gewalt" zu Los Angeles
Eisen RTL-Korrespondent Philip Crowther huet sech live vu Los Angeles gemellt.

De kalifornesche Gouverneur Gavin Newsom huet d'Mesurë vum Donald Trump op X staark kritiséiert an elo och eng Plainte géint d'Administratioun vum US-President agereecht. Den US-President Donald Trump hätt mat senger Decisioun, eng 2.000 Membere vun der Nationalgarde, bei déi lo nach eng Kéier eng 2.000 dobäi solle kommen, a Kalifornien anzesetzen, nämlech d'Souveränitéit vum Bundesstaat verletzt. Am Fong steet d'Nationalgarde ënnert der Kontroll vun de Gouverneuren, de President kann dës awer am Fall vun engem Krich oder engem nationalen Noutstand iwwerhuelen. Déi leschte Kéier, datt ee President vun deem Recht Gebrauch gemaach hat, war an de 60er-Jore wärend de Biergerrechtsprotester. D'Nationalgarde besteet zum gréissten Deel aus Fräiwëllegen a just zu engem klengen Deel aus Beruffszaldoten.

Op X heescht et vum kalifornesche Gouverneur, d'Decisioun vum Trump hätt zu Los Angeles fir "Chaos a Gewalt" gesuergt. Et wier eng "Absurditéit", d'US-Militär géint déi eege Bevëlkerung anzesetzen, sou den Newsom weider.

Vum Donald Trump heescht et op de Soziale Plattformen, hie wéilt kee Biergerkrich. Et géif awer "ee Biergerkrich ginn, wann een et Leit wéi him iwwerléisst", a riicht sech dobäi un de kalifornesche Gouverneur a Member vun den Demokraten. "Ech hunn de Gavin Newsom gär, hien ass e léiwe Kärel, mee hien ass immens inkompetent, dat weess jiddereen", sou den Trump weider.

Grond fir d'Protester, bei deenen et zanter e Freideg zum Deel zu Gewalt, virop géint d'Police kënnt, ass dat haart Virgoe vun den Autoritéite géint Leit, déi sech hirer Meenung no illegal an den USA ophalen. Eng Partie Stied, déi traditionell méi liberal agestallt sinn, dorënner Los Angeles a San Francisco, wiere sech géint eng méi restriktiv Immigratiounspolitik. Bleift ofzewaarden, wéi US-Geriichter an der Fro nom Asaz vun der Arméi am eegene Land tranchéiere wäerten. Bei den Ausschreidunge gouf ënner anerem och geziilt mat Gummismunitioun op eng Journalistin geschoss.