Norwegesch Ermëttler verdächtegen de Fils vun der Krounprinzessin Mette-Marit, dräi Vergewaltegunge begaangen ze hunn.

Den 28 Joer ale Marius Borg Høiby kritt donieft nach 20 aner Strofdote reprochéiert, wéi de Police-Affekot Andreas Kruszweski e Freideg matgedeelt huet. 10 Méint laang war ermëttelt ginn, elo läit de Fall beim Parquet, deen decidéiere muss, ob et zu enger Uklo kënnt.

De Fils vun der norwegescher Krounprinzessin war leschten August zu Oslo wéinst presuméierter Kierperverletzung a Saachbeschiedegung an der Wunneng vu senger deemoleger Frëndin festgeholl ginn. Hien hat zouginn, d'Fra "ënnert dem Afloss vun Alkohol a Kokain" kierperlech ugegraff a Géigestänn an hirer Wunneng zerstéiert ze hunn.

Am Laf vun den Ermëttlunge koumen etlech Virwërf dobäi. D'Vergewaltegungsvirwërf géif de Marius Borg Høiby allerdéngs ofstreiden, sou seng Affekotin. Nieft Vergewaltegung kritt hie sexuellt Feelverhalen, Mësshandlung, Kierperverletzung, Verstéiss géint e Kontaktverbuet, Saachbeschiedegung, Menacen, Beamtebeleidegung a Verkéiersdelikter reprochéiert.

D'Zuel vun den Affer géif an engem zweestellege Beräich leien, sou nach de Kruszweski.

No enger Woch an Untersuchungshaft wier de Marius Borg Høiby aktuell op engem Drogenentzuch zu London, wéi Medie mellen.

Hie staamt aus enger fréierer Bezéiung vun der biergerlecher Mette-Marit virun der Hochzäit mam Krounprënz Haakon am Joer 2001. Hien ass zesumme mat sengen Hallefgeschwëster opgewuess, der haut 21 Joer aler Prinzessin Ingrid Alexandra an dem 19 Joer ale Prënz Sverre Magnus. Anescht wéi d'Prënzekanner huet den Høiby keng offiziell Funktioun am norwegesche Kinnekshaus.