De Sand aus der Wüst ka fir eng Verschlechterung vun der Loftqualitéit an eng Aschränkung vun der Siicht suergen.

De Service fir d'Iwwerwaachung vun der Atmosphär vum europäesche Wiederdéngscht Copernicus huet dëst Joer eng Partie Fäll registréiert, an deene Sand- a Stëbspartikel aus der Sahara vum Wand opgehuewen an uechter d'Welt transportéiert goufen. Dës Partikel kënnen zu enger Verschlechterung vun der Loftqualitéit féieren.

Besonnesch an den éischte Méint vum Joer gouf vill Sahara-Sand an Europa transportéiert. Am Januar an am Februar war besonnesch den zentralen an ëstleche Mëttelmier-Raum betraff. Tëscht Januar a Mee huet de Wand iwwerdeems ëmmer nees Sand a Stëbs aus der Wüst an Italien an a Griichenland geschleeft. Am Februar hat en Zyklon besonnesch vill Sand a Stëbs aus der Sahara a Griichenland an an de Süde vun Italien transportéiert, wat zu enger Verschlechterung vun der Loftqualitéit an de betraffene Regioune gefouert huet.

Am Mäerz gouf et dann eng Episod, bei där eng gréisser Sand-Wollek bis an den Norde vu Frankräich an och bis op Lëtzebuerg virgedrongen ass. Souguer Groussbritannien war hei betraff. Wéinst der staarker Belaaschtung vun der Loft, hat den Himmel zäitweis eng gielzeg Faarf an d'Siicht war deelweis ageschränkt.