Slowakei gëtt Blockad op
EU eenegt sech op 18. Sanktiounspak géint Russland

D'Kaja Kallas. / © AFP/NICOLAS TUCAT
No wochelaanger Blockad duerch d'Slowakei huet sech d'EU elo op den 18. Sanktiounspak géint Russland gëeenegt.
"D'EU huet grad eng vun hire bis ewell schäerfste Sanktiounspäck géint Russland decidéiert", erkläert d'EU- Aussebeoptraagt Kaja Kallas e Freideg. De Pak gesäit ënner anerem vir, datt de Präisdeckel fir russesche Pëtrolsexport erofgesat gëtt.
Et ass den 18. Sanktiounspak géint Russland zanter dem Ufank vun der russescher Attack géint d'Ukrain am Joer 2022. Hannergrond war e Sträit ëm de geplangte Verbuet vu Gasimporter aus Russland. D'Slowakei hat awer hir Blockad elo opginn.
Am meeschte gelies