Chauffer festgeholl, Police geet vu virsätzlecher Dot aus

© AFP/Robyn Beck
De Chauffer, deen e Samschdeg zu Los Angeles mat engem Auto an d’Leit gerannt ass, gouf festgeholl a wéinst enger Attack mat enger déidlecher Waff ugeklot.
E Samschdeg hat de Mann op d'mannst 30 Leit blesséiert, wéi e virun enger Disco an d’Leit gefuer war. d’Police mellt, et géing ee vun enger virsätzlecher Dot ausgoen. Duerno gouf hie vun de Leit op der Plaz aggresséiert, hie wier och ugeschoss ginn an deen Täter soll zu Fouss geflücht sinn. No där Persoun sicht d’Police dann aktuell och nach. Den inculpéierte Chauffer gouf iwwerdeems an d’Klinik bruecht a gëtt do operéiert. D'Plaz vum Accident läit an der Géigend vun de berüümten Touristenattraktioune vun Hollywood, wéi dem Sunset Boulevard an dem Walk of Fame.