Nom Tëschefall beim Ofschlossfreedefeier op der Rheinkirmes zu Düsseldorf e Freideg den Owend enquêtéiert d’Police weider.

Et geet een aktuell vun engem trageschen Accident aus. Deemno wier eng Rakéit vill ze no um Buedem explodéiert. 19 Leit goufe blesséiert, dorënner 4 Kanner, wouvunner eent schwéier verwonnt gouf.

Ob eng ëmgekippte Startramp d’Ursaach fir d’Accident ass, géif aktuell gepréift. Eng ganz Rëtsch Ofschoss-Réier wiere vum Landeskriminalamt confisquéiert ginn. Ma wéi e Spriecher vun der Police seet, géif et keng Indicen dorop, dass d’Sécherheetsofstänn net agehale gi wieren, oder dass et virsätzlech geschitt ass.