Visiteure komponéieren hir eege Melodie
Ënnerschiddlech Ateliere sollen de Visiteure weisen, wéi eng Konzepter am Beräich Musek an Informatioun zu Lëtzebuerg an der Schoul an den Asaz kommen.
Am Kader vun der "Learning and Playing Week" zu Osaka op der Weltausstellung ass de SCRIPT mat enger klenger Delegatioun vertrueden. De Ben Kohnen ass studéierte Museker a konzipéiert um SCRIPT ëmmer nees nei Ateliere fir Schoulklassen. Fir Osaka huet en sech nees eppes Neies afale gelooss.
Duerch dësen Atelier am Pavillon entdecken d’Visiteuren net nëmmen déi schéinsten a prägnantste Plazen zu Lëtzebuerg, mee ginn och selwer aktiv fir dës mat Musek ze verbannen. D’Leit ganz bewosst mat abezéien an hinnen d’Méiglechkeet gi kreativ ze ginn, ware wichteg Krittäre fir d’Konzipéiere vun den Atelieren. Mee och eventuell Beréierungsängschte mat Musek sollen ofgebaut ginn. Komponist muss een nämlech sécher net sinn, fir an dësem Atelier vill Spaass ze hunn.
Ze gesinn, datt ee séier an einfach eng eege Melodie komponéiere kann, kënnt bei de Visiteuren immens gutt un. Souwuel Kanner wéi och Erwuessener kënne sech hei defouléieren. Gesteiert ginn d’Kompositiounen iwwert ganz speziell Kontrolleren, déi extra fir d’Weltexpo am 3D-Drucker entstane sinn. An hei ass ganz bewosst e Lien zu Japan gesicht ginn.
Nodeems den Atelier positiv ugeholl gouf, soll en och zu Lëtzebuerg am Kader vun der Museksoffer vum SCRIPT geschwënn zum Asaz kommen.