D'Prioritéite vu béide Säiten an d'Ausgangspositioun virun de Verhandlungen

Membere vun der ukrainescher Delegatioun bei de leschten direkte Gespréicher am Juni. / © ADEM ALTAN / AFP
Am Laf vun der Woch solle Vertrieder vu Russland an der Ukrain an der Tierkei direkt matenee schwätzen.
Den ukrainesche President Woldymyr Selenskyj huet e Méindeg annoncéiert, dass Vertrieder vun der Ukrain a Russland sech e Mëttwoch fir direkt Friddensgespréicher wäerte gesinn. Et wäert déi drëtt Ronn vun direkte Gespréicher tëscht béide Krichsparteie bannent dësem Joer sinn. Bei de Gespréicher, déi de 16. Mee an den 2. Juni zu Istanbul gefouert goufen, goufe bis op den Austausch vu Krichsgefaangene keng Eenegungen erreecht.
Wat déi drëtt Ronn vun den direkte Friddensgespréicher ugeet, stellt sech deementspriechend d'Fro, mat wéi engen Erwaardunge béid Säiten an dës ginn, wéi realistesch dës Erwaardunge sinn, a wéi d'Verhandlungspositioune vu béide Parteie sinn.
D'Prioritéite vu béide Säiten
De President Wolodymyr Selenskyj huet déi ukrainesch Prioritéite fir d'Gespréicher an engem Post op "X" genannt. Dës wieren de Retour vun den ukrainesche Krichsgefaangenen, de Retour vun de verschleeften ukrainesche Kanner an d'Preparatioun vun engem Treffe vun de Staats- a Regierungscheffe vu béide Länner. Et wier kloer, dass wierklech eeschthaft Gespréicher just um Niveau vun de Staats-a Regierungscheffe kéinte stattfannen.
Déi russesch Säit huet hirersäits nach keng detailléiert Ziler fir d'Gespréicher formuléiert. De Kreml-Spriecher Dmitry Peskow huet en Dënschdeg just géigeniwwer Journaliste gesot, dass ee seng eegen Interesse wäert verfollegen an déi Ziler wéilt erreechen, déi ee sech zanter dem Ufank vum Konflikt gesat hätt. Gläichzäiteg huet hie betount, dass ee keng gréisser Hoffnung hätt, dass et zu engem gréisseren Duerchbroch kéim.
Den Zäitpunkt vun de Gespréicher an d'Membere vun den Delegatiounen
E Spriecher vun der tierkescher Regierung hätt der franséischer Noriichtenagence AFP no en Dënschdeg matgedeelt, dass d'Gespréicher e Mëttwoch zu Istanbul solle sinn. Dat op der nämmlechter Plaz, op där och d'Gespréicher am Mee an am Juni gefouert goufen.
Den Ament ass nach net gewosst, wéi eng Persoune fir déi jeeweileg Säit wäerten um Verhandlungsdësch sëtzen. Sécher ass aktuell nëmmen, dass déi ukrainesch Säit vum Virsëtzende vum ukrainesche Sécherheetsrot a fréiere Verdeedegungsminister Rustem Umerov wäert ugefouert ginn.
Och wann d'Membere vun der russescher Delegatioun nach net gewosst sinn, kann een aktuell quasi sécher dovun ausgoen, dass dës net aus dem russesche Regierungsapparat wäerte kommen. Dem Dmitry Peskow no misste nach vill Froe gekläert ginn, éier et zu engem Treffen um héchste politesche Level kéint kommen.
Rezent Entwécklungen am Krich
Wat déi jeeweileg Ausgangspositioun vu béide Säiten ugeet, hätt Russland dem "Institute for the Study of War" (ISW) no bannent de leschten zwee Méint däitlech méi grouss Rakéiten- an Dronenattacke lancéiert, ewéi tëscht Mäerz a Mee.
Op der anerer Säit hätt d'Ukrain dem Verdeedegungsminister Denys Shmyhal no beim rezenten Online-Meeting vun de Membere vum sougenannte Ramstein-Format e Méindeg e kloert Signal kritt, dass de Weste weiderhi fest un der Säit vun der Ukrain géing stoen. Dat mellt déi ukrainesch Noriichtenagence "Ukrinform" a berifft sech dobäi op e Bäitrag, deen den Defenseminister um Messenger-Déngscht "Telegram" gedeelt huet. Ënner anerem wäerten d'USA a Kooperatioun mat der NATO en neie Mechanismus lancéieren, fir der Ukrain Waffen zoukommen ze loossen. Dësen erlaabt et europäesche Länner, amerikanesch Waffen fir d'Ukrain ze kafen. Eng Partie europäesch Länner hätte sech dann och scho bereet erkläert, dës Initiativ matzefinanzéieren. Ënner anerem soll d'Ukrain deemnächst fënnef Loftofwiersystemer vum Typ "Patriot" kréien. Dës sollen ënner anerem vun Däitschland matfinanzéiert ginn.
Am Kader vum Online-Meeting huet de britteschen Defenseminister John Healy dann e geziilten Effort vu 50 Deeg annoncéiert, fir d'Ukrain ze bewaffnen. Et misst een dem Donald Trump seng Menace opgräifen, dass d'USA Stroftaxe vun 100 Prozent géint Länner géife verhänken, déi nach mat Russland Handel dreiwen, wann nom 14. Juli net bannent 50 Deeg eng Reegelung fonnt gi wier, déi zu engem Fridde féiert.
Rezent ass dem US-President Donald Trump säin Toun géigeniwwer Russland an dem russesche Staatschef Putin jo däitlech méi kritesch ginn, wéi dat nach am Ufank vu senger Amtszäit de Fall war. Wéi en anonymmen, fréiere Member vum Kreml der brittescher Zeitung "The Guardian" sot, géif dat de russesche President Putin awer net vu sengen Ziler an der Ukrain ofhalen. Zu Moskau wier ee wuel enttäuscht iwwer d'Verschlechterung vun der Bezéiung zum US-President, ma dës Relatioun wier fir de Putin ni esou wichteg gewiescht, ewéi d'Erreeche vun de Maximal-Ziler an der Ukrain. Eng Aschätzung, déi am Wesentlechen och vum ISW gedeelt gëtt. Dem Think Tank no géifen nëmme signifikant Réckschléi um Terrain de Wladimir Putin dozou bréngen, vu sengem Zil, d'Ukrain militäresch ze ënnerwerfen, ofzegesinn, a sech op Verhandlungen anzeloossen.