Griichenland kritt EU-Ënnerstëtzung am Kampf géint d'Bëschbränn

© COSTAS BALTAS / ANADOLU / Anadolu via AFP
A Griicheland kämpfen d'Pompjeeën och um Sonndegmoie weider géint Bëschfeier.
Et ass den zweeten Dag um Stéck, dass Leit an de betraffene Regiounen hu missen aus hiren Haiser respektiv Appartementer evakuéiert ginn. Aktuell si virun allem d'Regioun westlech vun der Haaptstad Athen an d'Inselen Evia a Kythera vun de Flame betraff. D'Läschfligeren an -Helikoptere sinn zanter Sonnenopgank nees am Asaz.
Wéi de Spriecher vun de griichesche Pompjeeën, de Vassilis Vathrakogiannis e Sonndegmoie sot, géif ee sech op e geféierlechen Dag mat engem Héije Risk vu Feier astellen. D'Wiederprevisioune weise virun allem op Kythera en héije Risk vu staarkem Wand, deen d'Feier kéint weider undreiwen. Um fréie Sonndegmoie gouf dowéinst schonn zur Evakuéierung vun der, och bei Touriste ganz beléifter Insel, opgeruff. Dosende Pompjeeë si schonn op der Plaz, fir géint d'Flamen ze kämpfen. Si ginn aus der Loft vun dräi Helikopteren an zwee Fligeren ënnerstëtzt.
Griicheland huet wéinst de Bëschbränn d'Ënnerstëtzung vun den aneren EU-Länner ugefrot. Aktuell si schonn tschechesch Pompjeeën un der Säit vun hire griichesche Kolleegen am Asaz. Am Laf vum Sonndeg wäerten iwwerdeems zwee Läschfligeren aus Italien ukommen.
Aktuell gëtt et an eelef griichesche Regiounen en héije Feier-Risiko.