Zanter e Freideg den Owend gëtt e Mann vermësst, deen an der Géigend vun der Schleis Stadbriedemes-Palzem an d'Musel schwamme gaangen ass.

D'Sich nom Schwëmmer, deen zanter e Freideg den Owend vermësst gëtt, ass Stand e Sonndegmëtteg nach ouni Succès.
Déi däitsch Police geet antëscht dovun aus, dass de 60 Joer ale Mann net méi lieft. Dat ass an der däitscher Press ze liesen.

D'Sichaktioun mat Lëtzebuerger Bedeelegung géing trotzdeem weidergoen.

Eng éischt Sich an der Nuecht op e Samschdeg huet keen Erfolleg bruecht. D'Sichaktioun goung e Samschdeg am Dag weider, och nees mat Hëllef vun Lëtzebuerger Rettungsequippen. Et war och en Helikopter am Asaz. Dat allerdéngs nees ouni Succès.