60 Joer ale Schwëmmer gouf elo dout an der Musel opfonnt

© RTL-Archiv
Lëtzebuerger Rettungsekippen hate sech jo zanter e Freideg un der Sichaktioun op der Musel bedeelegt.
De Schwëmmer, deen zanter e Freideg vermësst gouf, ass elo dout an der Musel opfonnt ginn. Wéi däitsch Medie mellen, huet eng Persoun e Sonndeg de Moien eng Läich an der Géigend vun der Däitscher Uertschaft Palzem an der Musel fonnt. Relativ séier wier du kloer gewiescht, datt et sech hei ëm de 60 Joer ale vermësste Schwëmmer géif handelen.
Duerch Hëllef vun zwee Booter aus Lëtzebuerg an dem Helikopter, hätt een de Beräich, an deem een nom Mann sicht, schonn e Freideg den Owend kënnen ausbreeden. Ma wéi ee bis spéit an d'Nuecht näischt fonnt hat, hunn d'Lëtzebuerger Taucher hir Sich géint 3.10 Auer e Samschdeg de Moien gestoppt, kuerz drop hunn och déi aner Ekippen opgehale mat sichen.
Um Samschdeg goung d'Sichaktioun vu béide Säite weider, ma, wéi déi d'Police vun Tréier geschriwwen hat, hätt een och deen Dag kee Succès gehat.