Et wier een awer nach wäit vun enger dauerhafter Léisung an der Regioun ewech.

Den Drock op Israel, wéinst der katastrophaler humanitärer Lag, ass esouwäit geklommen, datt e Sonndeg fir d'éischt zanter Laangem, Hëllefsgidder aus der Loft an iwwer Land an der Gazasträif ukoumen. D’Israeelesch Arméi huet annoncéiert, bis op Weideres Kampf-Pausen anzehalen. Éischt Schrëtt, wou een awer nach wäit vun enger dauerhafter Léisung vum Konflikt ewech ass.
 
"Op där enger Säit hätte mer gären e Waffestëllstand a mir hätte gär eng Fräiloossung vun de Geiselen. D'Fräiloosse vun de Geiselen decidéiert den Hamas an de Waffestëllstand decidéiert Israel. An, am Fong huet den Hamas guer keng Loscht op Fridden. Déi wëlle guer keng Zwee-State-Léisung. Den Hamas hätt gäre Krich, Tensiounen, et ass eng terroristesch Organisatioun, déi wëlle keng Rou. An Israel am Moment sicht och keng Rou", sou de Xavier Bettel. 
 
Virop ee Land hätt d'Kaarten an der Hand, fir Fridden duerchzesetzen: "Ech muss Iech ganz éierlech soen, dass de President Trump deen ass, dee muer kéint Fridde bréngen, muer".
 
Mee? De Lëtzebuerger Ausseminister weider: "Et geschitt net. A si hunn och déi Initiativ vum franséische President (e Palästinenserstat unzëerkennen) net gutt geheescht. Mee et ass net un Amerika oder un Israel ze decidéieren, wat déi aner Länner fir richteg fannen. Ech mengen, dass déi Situatioun a Palästina net méi akzeptabel ass, dass d'legitim Defense net méi applikabel ass, dass dausend an zéngdausende vu Leit gestuerwe sinn. Wéi laang kucke mer nach no? Ech gesi just, dass d'Moyenen, déi mer hunn, ganz limitéiert sinn. Zu New York op der UNO hu mer Amerika wat de Veto asetzt, soubal mer eppes géint Israel wëlle maachen. An an der EU si mer gespléckt."

Lëtzebuerg tendéiert éischter zu enger Unerkennung

Lëtzebuerg géif zu deene Staate gehéieren, déi derfir sinn, dat Drock opgebaut gëtt. Eng breet International Ënnerstëtzung fir d'Zwee-State-Léisung wier wichteg. Mam Wëssen, dat een net Alles vun Haut op Muer ännere wäert.
 
"Mir sinn och elo a Kontakt mat enger ganzer Rëtsch vun Ausseministeren, wou mer echangéieren, fir ze kucken, wou bass du drun? A wou ech hinne matgedeelt hunn, dass mir éischter tendéieren zu enger Reconnaissance. Mee dass dat selbstverständlech Eppes ass, wat d'Regierung muss decidéieren. Et ass net den Ausseminister, deen dat eleng decidéiert. A mir wëllen och d'Chamber informéieren, wa bis de Schratt decidéiert ass, virun der Reunioun och am September zu New York".
 
De Grond, firwat de Xavier Bettel och e Méindeg an en Dënschdeg schonn zu New York ass, wou de Rendez-vous vu September preparéiert gëtt. En Vue vun enger friddlecher Léisung vun der Palästinenser-Fro, wou dann och, wei Frankräich et schonn ugekënnegt huet, weider Länner e Palästinenserstat, ënner Bedéngungen, unerkenne sollen.