Millioune Mënsche ginn zréck an hir Haiser, keng gréisser Schied gemellt

© Cristobal Basaure / AFP
Milliounen Awunner vu Länner am Pazifik hate sech wéinst den Tsunami-Warnungen a Sécherheet bruecht. No der Entwarnung kënnen dës nees an hiert Doheem.
"Landeswäit gëtt d'Zuel vun den Evakuéierten op 1,4 Millioune geschat", sot de chileeneschen Inneminister Álvaro Elizalde e Mëttwoch viru Journalisten, nodeems déi éischt Tsunamiwellen dat südamerikanescht Land erreecht haten. Et wier deemno "warscheinlech déi ëmfangräichst Evakuéierung" an der Geschicht vu Chile, heescht et weider vum Ministère. Deemno wieren d'Wellen, déi duerch dat schwéiert Äerdbiewen ausgeléist goufen, eng 60 Zentimeter héich gewiescht, wéi se op déi chileenesch Küst gestouss sinn. Gréisser Schied goufen deemno net gemellt.
Nom Biewe vun der Stäerkt 8,8 virun der russescher Hallefinsel Kamtschatka haten d'Autoritéiten a sëllege Länner Tsunami-Warnungen ausgeruff. Nieft Russland a Japan och Länner vu bis Nord- a Südamerika. Fir verschidde Gebidder gouf mat bis zu véier Meter héije Welle gerechent.
Och wann d'Biewen an d'Tsunamie um Enn dann awer net esou uerg waren, hate vill Länner duerch d'Warnungen Preventiounsmesurë geholl. Am Peru goufe 65 vun 121 Pazifik-Häfen zougemaach, op der hawaiianescher Insel Maui gouf de Fluchverkéier gestoppt an a Japan ware bal zwou Millioune Mënschen opgeruff, sech a Gebidder ze bréngen, déi méi héich geleeë sinn.
Och op de Galapagos-Insele goufe bis zu dräi Meter héich Wellen erwaart. Hei hätt et zwar eng Flutwell vun eppes méi wéi engem Meter ginn, zu Schied wier et awer net komm.
Eenzege Virfall, dee mam Biewen an Zesummenhang steet, war en Autosaccident a Japan. Lokale Medien no war eng Fra bei der Flucht virum erwaarten Tsunami mam Auto e Fiels erofgefall a gestuerwen.