Nom déidleche Kloteraccident vum Laura Dahlmeier, huet hir Kloterpartnerin Marina Krauss ëffentlech iwwert de Virfall geschwat.

"Ech hu gesinn, wéi e risegrousse Steen d'Laura getraff huet a wéi et du géint d'Mauer geschleidert gouf", esou d'Marina Krauss wärend enger Pressekonferenz am pakistanesche Skardu. "A vun deem Moment un huet et sech och net méi beweegt", sou d'Fra weider.

Et wier fir d'Krauss onméiglech gewiescht, fir bis bei d'Dahlmeier ze kommen, si hätt just nach kënnen de Rettungshelikopter ruffen. D'Dahlmeier hätt sech net beweegt an op näischt reagéiert. D'Ongléck war geschitt, wéi déi zwee vum Laila Peak nees erofgeklomme waren.

Och de Biergsteiger a Kolleeg vum Laura Dahlmeier, den Thomas Huber, huet sech wärend der Pressekonferenz zu Wuert gemellt. Hien huet betount, datt eng Aktioun, fir d'Läich sichen ze goen, zwar méiglech, mee ënnert den aktuelle Meteoskonditiounen immens geféierlech wier. Och géif et der Dahlmeier hirem leschte Wonsch widderspriechen. "Als erfuere Biergsteiger hu mir eis entscheet, si soll bleiwen. Well et hire Wonsch war.