Beim Alkoholtest koum e Wäert vun 2,35 Promill eraus beim Automobilist, deen iwwerdeem och nach kee Fürerschäin hat.

En Donneschdeg den Owend hunn direkt e puer Automobilisten e Geeschterfuerer op der A1 tëscht Wittlich an dem Autobunndräieck Vulkaneifel gemellt, dat a Richtung Tréier.

E 35 Joer alen Automobilist aus dem Groussraum Bremen konnt eng Frontalkollisioun nach sou just duerch en Auswäichmanöver verhënneren.

Direkt e puer Policepatrullen hu sech op der Autobunn drëm gekëmmert, d'Vitess vun den Automobilisten ze reduzéieren. Parallel gouf nom Geeschterfuerer gesicht.

Dëse konnt géint 21.50 Auer an der Géigend vun engem Feldwee ugetraff ginn. Den 67 Joer alen Automobilist aus dem Raum Ahrweiler hat nawell e staarke Fändel. Den Alkoholtest huet dat dann och bestätegt... net manner wéi 2,35 Promill huet den Otemtest ugewisen, wouropshin de Mann fir eng Bluttprouf matgeholl gouf.

Domadder awer net genuch. Et sollt sech och nach erausstellen, dass de Mann guer kee Fürerschäin hat. Deemno gouf och nach den Auto ofgeschleeft.

Eventuell Zeien, respektiv Leit, déi duerch de Geeschterfuerer a Gefor gerode waren, solle sech bei der Police zu Wittlich mellen, dat um Telefon +49 (0)6571/9260.