Zanter 2018 ass de franséisch-lëtzebuergesche Co-Developpement an engem Accord festgehalen. Wéi dee weidergefouert gëtt, soll am September beschwat ginn.

Méi genee de 17. September an enger lëtzebuergesch-franséischer intergouvernementaler Kommissioun. Zanter den Accord ënnerschriwwe gouf, ass déi gemeinsam Enveloppe fir de Finanzement vun dësem Co-Developpement op 440 Milliounen Euro gewuess. Haaptzil heivunner: d'Mobilitéitsinfrastruktur a Frankräich finanzéieren, notamment P&R'en an den Zuchreseau an der Grenzregioun.

De Senateur vum franséischen Departement Meurthe-et-Moselle Olivier Jacquin äussert am Interview mat eise Kolleege vun RTL Infos allerdéngs Bedenke bei der Opdeelung vun dëse Finanzementer. Frankräich hätt deemno massiv Probleemer, hire Bäitrag z'assuréieren a well Lëtzebuerg dat méi räicht Land wier, misst een eventuell iwwert eng Repartitioun nodenken.

Och well Lëtzebuerg dem Olivier Jacquin no am meeschte vun der Zesummenaarbecht profitéiert. Säi Virschlag: De Grand-Duché iwwerhëlt 80% vum Finanzement vun der gemeinsamer Enveloppe a Frankräich 20%. Iwwerdeems sollt d'Enveloppe och fir aner Projeten, baussent der Mobilitéit opgemaach ginn, beispillsweis fir Crèchen.

Wéi gesot wäert ënnert anerem dësen Dossier bei der Kommissioun de 17. September um Ordre du jour stoen. 
Méi Detailer heizou fannt Dir am Artikel vun eise Kolleege vun RTL Infos.