Eng Partie Politiker goufe festgeholl, déi a Korruptiounsskandal verwéckelt sinn

© Photo by ANDRII NESTERENKO / AFP
Et wiere systematesch Sue fir d’Arméi verontreit ginn an déi Concernéiert hätten Avantagen kritt.
No der Kontrovers ronderëm d’Roll vun der Anti-Korruptiounsagence "Nabu "an der Ukrain hunn d’Enquêteuren elo gemellt, et hätt een eng Rëtsch Politiker festgeholl, déi un engem grousse Korruptiounssystem am Defense-Secteur bedeelegt waren.
Dobäi wiere systematesch Sue fir d’Arméi verontreit ginn an déi Concernéiert hätten Avantagen kritt. Si hätten d’Präisser fir Rüstungsdeeler, wéi zum Beispill Drone-Stécker, an d'Luucht gedriwwen an dann 30 Prozent vun der Zomm aus den Accorden an d’Täsch gestach. Ënnert de Verdächtege wier een Deputéierten, e puer Cheffen vu Bezierks- a Staatsverwaltungen, Membere vun der Nationalgard a Manager vu Militär-Firmen. Nimm goufen nach keng genannt.
D’Ukrain hat en Donneschden e Gesetz erlooss, dat d’Onofhängegkeet vun der Nabu an dem Anti-Korruptiounsparquet Sapo nees retabléiert. Dat nodeems béid Institutiounen dem ukrainesche Parquet général sollten ënnerstallt ginn, wat en Enn vun hirer Autonomie bedeit hätt, well d’Vetrieder vum Parquet Général vum President ernannt ginn. Déi Decisioun hat zu Protester an der Ukrain geféiert.