D'Hamas ass net bereet, d'Waffen néier ze leeën

© AFP
Soulaang et keen onofhängege Palestinensesche Staat gëtt, mat der Haaptstad Jerusalem, géif d'Terrormiliz d'Waffen net néier leeën.
Domat reagéiert d’Terror-Organisatioun op Aussoe vum US-Diplomat Witkoff, deen de Medien no, zu de Famillje vun de Geisele sot, d’Hamas wier hiren Informatiounen no bereet, ze entmilitariséieren. Et stéing ee kuerz virum Enn vum Krich.
Virdrun hate Videoen vun den auserhéngerte Geiselen an der Gazasträif schockéiert, déi d’Hamas selwer publizéiert hat. Dat gouf an Zesummenhang gesat, mat Biller vu Palästinenser déi Honger leiden. An Israel hunn dowéinst nees zéngdausende Leit fir d’Fräiloosse vun de Geiselen aus der Gaza-Sträif demonstréiert.
D’Chef-Diplomatin vun der EU, d’Kaja Kallas, schwätzt vu schreckleche Biller vun de Geiselen, si missten direkt fräigelooss ginn. D’Hamas misst d’Waffen néier leeën. Gläichzäiteg bräicht et eng grouss ugeluechten humanitär Hëllef.
Indirekt Verhandlungen iwwert eng Wafferou tëscht Israel an der Hamas d’lescht Woch haten zu kengem Resultat gefouert.