Virun der spuenescher Mëttelmierinsel Mallorca sinn zwee Leit beim Crash vun engem klenge Fliger ëm d’Liewe komm. Dat mellt déi spuenesch Police e Sonndeg.

Et hätt sech ëm e Papp a säi Bouf gehandelt, déi e Samschdeg den Owend e puer honnert Meter virun der Küst vu Port de Sóller am Norde vun der Insel mat hirem Propeller-Fliger an d’Waasser gefall sinn. Kuerz virdru war en Noutruff rausgaangen. Iwwer d’Onglécksursaach ass nach näischt gewosst. Bei den zwee Doudesaffer soll et sech ëm US-Staatsbierger handelen.