Keng Iwwerliewender nodeems Koffer-Minn deelweis a Koup gefall ass

© AFP/Raul BRAVO
En Donneschdeg koum et an der gréisster Koffer-Minn vun der Welt zu engem déidlechen Ongléck.
No engem Biewe war en Tunnel vun der Minn "El Teniente", eng 100 Kilometer vun der chileenescher Haaptstad Santiago fort, an e Koup gefall. Fënnef Aarbechter goufen doropshi vermësst, de Parquet huet elo awer confirméiert, datt et keng Iwwerliewender gëtt. Deemno gouf déi lescht Läich e Sonndeg fonnt.
Ob et sech beim Biewen ëm en Äerdbiewe gehandelt huet oder et duerch Bueraarbechten ausgeléist gouf, ass bis ewell net gewosst a gëtt den Ament ënnersicht.
Mat enger Déift vun 1.200 Meter gëllt El Teniente als déi gréisste Koffer-Minn vun der Welt. Zejoert goufen hei iwwer 350.000 Tonne Koffer ofgebaut.