Südkorea baut Haut-parleuren u Grenz mat Nordkorea nees of

Déi éischt Haut-parleure goufe schonn am Juni ewechgeholl. / © AFP/Archiv/KIM HONG-JI
D'Haut-parleuren hate jo laanscht d'Grenz Contenu diffuséiert, dee géint Nordkorea geriicht war.
Wéi de südkoreanesche Verdeedegungsministère matdeelt, hätt een domadder ugefaangen, se nees ewechzehuelen, dat am Kader vun enger "praktescher Moossnam, fir d'Tensiounen tëschent dem Süden an dem Norden ofzebauen". Déi nei Regierung ënnert dem President Lee Jae Myung huet sech jo ënner anerem als Zil geholl, sech nees un den Norden ze rapprochéieren. Vu Pjöngjang heescht et allerdéngs, et hätt ee keen Interessi u Gespréicher.
Iwwer d'Haut-parleure goufe virun allem Noriichten a K-Pop ofgespillt. Se goufen zejoert opgestallt als Äntwert op Ballone mat Knascht, déi aus dem Norden iwwer d'Grenz geschéckt goufen. All eenzele vun hinne soll bis Enn der Woch ofmontéiert sinn, eng genee Zuel vu Geräter gouf allerdéngs net genannt.