Zéngdausenden Hoteller maache Sammelklo géint de Portal "Booking.com"

© ROBIN UTRECHT / ANP MAG / ANP via AFP
Iwwer 10.000 Hoteller hunn eng Sammelklo géint de Reesportal Booking.com agereecht.
Wéi HOTREC, den europäeschen Daachverband fir den HORECA-Secteur e Méindegmoie matdeelt, fuerderen d'Hoteller Schuedenersatz, well se jorelaang Präisser imposéiert kruten.
D'Hoteller baséiere sech dobäi op en Urteel vum Europäesche Geriichtshaff vum September zejoert. An dësem ass festgehalen, dass sougenannte Bescht-Präis-Klausele géint d’Kartellrecht verstoussen. Mat esou Klausele verflicht Booking d’Hoteller, hir Zëmmeren néirens méi bëlleg unzebidden, och net op der eegener Website. Iwwer mybookingclaim.com ginn Hoteller opgeruff, gemeinsam eng Plainte géint déi bekannt Plattform fir Hotelreservatiounen ze maachen.
Wéi et am Communiqué vun der HOTREC heescht, wieren d'Hoteller an Europa iwwer déi lescht zwanzeg Joer staark benodeelegt gewiescht duerch déi Klausel vu Booking. Iwwer 25 national Hotel-Associatiounen hätte sech der Initiativ schonn ugeschloss, och de Grand-Duché. Informatiounen doriwwer wéi eng Lëtzebuerger Hoteller sech un der Sammelklo bedeelegt hunn, leien eis aktuell net vir. Weder d'HORESCA nach d'HOTREC konnten déi Donnéeën op Nofro hi liwweren.
Den Delai fir bei der Plainte matzemaachen gouf iwwerdeems verlängert. D’Hoteller hunn nach bis den 29. August Zäit, sech der Initiative iwwer een Online-Formulaire unzeschléissen. Verhandelt gëtt d'Plainte an Holland, Booking huet nämlech säi Sëtz zu Amsterdam.