Fënnef Joer no der Explosioun vu Beirut soll et Gerechtegkeet ginn

© JOSEPH EID / AFP
Fënnef Joer no der grousser Explosioun am Hafe vu Beirut versprécht de libanesesche President Gerechtegkeet.
Et war eng vun de gréissten net-nuklearen Explosiounen an der Geschicht, iwwer 220 Leit ware gestuerwen a ronn 6.500 goufen der deemools blesséiert.Ganz Quartiere sinn zerstéiert ginn.
Ausléiser fir d’Explosioun war e Feier an engem Lager, wou ouni Sécherheetsmesuren Tonnen Ammonium-Nitrat gelagert war, dat trotz Warnunge vun de Responsabelen. Déi Substanz gëtt benotzt fir Dünger awer och, fir Sprengstoff ze produzéieren.
D’Enquête ass nach ëmmer net ofgeschloss, ëmmer nees ware Politiker mat am Viséier. En Donneschdegnomëtteg gëtt am Hafen vu Beirut fir méi Gerechtegkeet an der Affär demonstréiert.