Et sinn déi bis ewell zwee eenzeg Asätz vun Atomwaffen an engem Krich. Gefuerdert hu se iwwer 200.000 Mënscheliewen.

Déi éischt Bomm, mam Spëtznumm "Little Boy" gouf de 6. August 1945 vun der US-Loftwaff iwwer Hiroshima am Weste vum Japan erofgeheit. D'Bomm ass eng 600 Meter iwwert dem Buedem explodéiert, dat mat enger Sprengkraaft, déi 15.000 Tonnen TNT entsprécht. Vun de ronn 255.000 Awunner, déi zum Zäitpunkt vun der Attack zu Hiroshima gelieft hunn, waren der bis zu 80.000 direkt dout, weider Doudesaffer gouf et an de Wochen, Méint a Joren duerno. Insgesamt sinn zu Hiroshima iwwer 140.000 Leit duerch d'Atombomm ëmbruecht ginn. 90% vun der Stad goufen zerstéiert. A säi Logbuch hat de Bob Lewis, den deemolege Co-Pilot vun der Enola Gay - de Fliger aus deem "Little Boy" erofgeheit gouf - de Saz geschriwwen: "Mäi Gott, wat hu mir gemaach?".

Dräi Deeg duerno hunn d'USA dunn eng zweet Atombomm, mam Spëtznumm "Fat Man" iwwer Nagasaki erofgeheit. Dobäi si ronn knapp 75.000 Leit gestuerwen, dovunner iwwer 20.000 direkt. Den 2. September huet dat japanescht Keeserräich dunn ouni Konditioune kapituléiert. Wier et net dozou komm, hätt d'US-Regierung konkreet Pläng fir eng drëtt Atombommenattack gehat, méiglecherweis mat der Haaptstad Tokio als Zil.

Deemoleg Zeien, déi d'Attacken op Hiroshima oder Nagasaki iwwerlieft haten (am japanesche Volleksmond och "Hibakusha" gekannt), hu vun engem "massive Feierball" geschwat. D'Temperaturen an der direkter Ëmgéigend vun der Explosioun waren op bis zu 7.000 Grad Celsius geklommen, wouduerch alles an engem Ëmkrees vun dräi Kilometer niddergebrannt ass, och Mënschen. Duerch e massive Blëtz bei der Explosioun si vill Leit och temporär oder souguer dauerhaft blann ginn.

Déi meescht Doudeg waren an der Zäit duerno op d'Radiatioun zeréckzeféieren, vill duerch Kriibs oder Leukemie.

D'Atombommen op Hiroshima an Nagasaki si bis haut Géigestand vu kontroversen Diskussiounen. Engersäits besteet d'Argument, datt d'Bommen den Zweete Weltkrich op en Enn bruecht an domadder eng US-Invasioun vum japanesche Festland iwwerflësseg gemaach hunn, wouduerch méiglecherweis nach méi Doudesaffer evitéiert goufen. Op der anerer Säit stellt sech bei villen d'Fro, a wéi fern sech déi massiv Kollateralschied op moraleschem Niveau rechtfäerdege loossen. Doriwwer eraus sinn Hiroshima an Nagasaki fir Géigner vun Atomwaffen dat stäerkstent Argument. Iwwerliewender hunn den 10. August 1958 de Grupp "Nihon Hidankyo" gegrënnt, eng Friddensorganisatioun, déi sech fir d'Ofschafung vun allen Atomwaffen asetzt an zejoert fir hiren Engagement mam Friddensnobelpräis ausgezeechent gouf.

2016 hat de den deemolegen US-President Barack Obama als éischten US-President iwwerhaapt Hiroshima visitéiert. Eng Entschëllegung am Numm vun den USA gouf et zwar net, mee en Opruff zu enger Welt ouni Atomwaffen. Den entretemps verstuerwene Poopst François hat sech 2019 mat enger Rei Iwwerliewende vun deemools getraff, vun "onbeschreiflechem Horror" geschwat, deen déi Iwwerliewend duerchgemaach hunn a sech zu enger nuklearer Ofrëschtung positionéiert.

Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg fuerdert Mesurë vun der Regierung: "Stoppt de Wansinn!"

Och haut ass d’Gefor vun nukleare Waffen nach ëmmer reell. De 6. an 9. August 1945 hunn amerikanesch Atombomme d'japanesch Stied Hiroshima an Nagasak zerstéiert. Bis haut hunn dës Attacke schwéier suitte fir d’Hibakusha, déi Iwwerliewend. De Raymond Becker vun der Solidaritéits- a Friddensplattform erkläert:

"Et däerf een net vergiessen, dass duerno och nach iwwer 2.000 Atomtester gemaach gi sinn, déi eng onwarscheinlech Influenz och haten op d'Mënschen an op d'Natur. Dat heescht, déi Folgen, vun deenen Atomwaffen ofwerfen an deenen Tester, déi sinn haut nach u sech ze spieren. Dat muss ee ganz kloer soen."

80 Joer duerno ass d’Gefor net verschwonnen – am Géigendeel: et gi méi wéi 12.000 Atomwaffen op der Welt, 2.100 dovun direkt asazbereet.

"An Zäiten wéi haut besonnesch, mierkt een dat, dass een ufänkt awer erëm eng Kéier ganz hysteeresch ze diskutéieren iwwer Rüstungsgeschichten. A kuckt virun e puer Stonne koumen erëm extreem aggressiv Téin aus Russland. Wat och iwwerraschend war, dass säit laanger, laanger Zäit erëm eng Kéier en amerikanesche President geäntwert huet mat Atombommen, déi een iergendwouhinner géif schécken, dat si geféierlech Eskalatiounsspiralen."

D’Friddensplattform ënnerstëtzt den Appell vun den Hibakusha: Keen Atomwaffebesëtz méi, keng nuklear Ofschreckung! Och Lëtzebuerg hätt do seng Roll ze spillen:

"Mir musse mat deene Waffen erof, dass mer einfach d'Gefor u sech do reduzéieren. Deen Netverbreedungsvertrag ass déi eng Pist. Dee méi einfache Wee wier, dass een einfach den Atomwaffe-Verbuetsvertrag géif ënnerschreiwe vun de Vereenten Natiouneno ass d'Situatioun ganz kloer, se si verbueden a fäerdeg. Da gëtt et u sech keng méi no enger gewëssener Zäit. Dat heescht, Lëtzebuerg huet schonn do Méiglechkeeten aktiv ze ginn op deenen zwou Positiounen."

Nieft de Konsequenze fir d’Mënschen, hunn Atomwaffentester katastrophal Follege fir d’Ëmwelt. Dës sollen duerch den Atomwaffenverbuetsvertrag evitéiert ginn.

Dat komplett Schreiwes vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg fannt Dir hei.