Béier a Wäin eréischt vun 18 Joer amplaz vu 16 Joer un

© MARCUS FUEHRER / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Dat ass eng Iddi, mat där déi däitsch Regierungskoalitioun sech aktuell ausenanersetzt.
Politiker aus der däitscher Regierung si grondsätzlech dofir, fir den Alter, vu wéini un een däerf Alkohol kafen a konsuméieren, vun aktuell 16 op 18 Joer ze hiewen. Esou eng Moossnam misst awer an eng glafwierdeg an ëmfaassend Preventiounsstrategie agebonne ginn, esou de Christos Pantazis, gesondheetspolitesche Spriecher vun der SPD. Déi Jonk misste besser opgekläert ginn iwwert d'Risiken an d'Konsequenzen, et bräicht besser Schutzmechanismen a kloer Begrenzunge beim Zougang.
An Däitschland kann een aktuell Alkohol wéi Béier, Wäin oder Schampes vu 16 Joer u kafen an drénken. Héichprozentegen Alkohol ass eréischt vun 18 Joer un erlaabt.
D'CDU-Politikerin Simone Borchardt ass der Meenung, dass e generellt Verbuet vun allem alkoholesche Gedrénks bis 18 Joer sécherlech e gewësse "Charme" hätt, et misst allerdéngs a senger praktescher Wierkung kloer ofgewie ginn. Et wier decisiv, dass de Konsum bei de jonke Mënschen allgemeng däitlech reduzéiert gëtt.