Op d'mannst 16 Eurostar-Zich sinn e Méindeg annuléiert

© SAMEER AL-DOUMY / AFP
En Tëschefall bei der Stroumversuergung suergt e Méindeg fir e gréisseren Impakt op den Trajet vun den Eurostar-Zich.
Op der sougenannter "Ligne à grand vitesse (LGV) nord" goufen op d'mannst 16 Zich, déi tëscht Paräis, London, Bréissel an Amsterdam sollte fueren, bis e Méindegowend 19 Auer annuléiert. Donieft hunn zwee Zich, déi vu Bréissel op Paräis respektiv vu Paräis op Bréissel, ënnerwee waren, Demi-tour gemaach. Bei den Zich, déi nach ënnerwee waren, misst een iwwerdeems mat Verspéidunge vu bis zu annerhallwer Stonn rechnen, sou d'Entreprise "Eurostar" géigeniwwer der Noriichtenagence AFP.
Grond fir d'Annulatiounen an d'Verspéidunge wier e Probleem mam Catenaire tëscht Moussy a Longueil a Frankräich. Wéi et vun der franséischer Eisebunnsgesellschaft "SNCF" heescht, wieren déi technesch Ekippen op der Plaz, fir un der Léisung vum Probleem ze schaffen. D'Zich géifen den Ament iwwert dat normaalt Schinnennetz vun der SNCF ëmgeleet ginn. Aktuell kéint een nach net soen, wéi laang et géing daueren, bis de Probleem komplett behuewe wier.