D'EU suspendéiert déi geplangte Mesuren, fir den US-Stroftaxen entgéintzewierken

Dat huet e Spriecher vun der EU-Kommissioun matgedeelt. Eigentlech sollte se dës Woch a Kraaft trieden.
Op der Lëscht stoungen ënner anerem Industrie- an Agrarproduiten aus den USA, déi mat Taxen hätte sollte beluecht ginn.
Virun enger décker Woch haten den US-President Trump an d'Kommissiounscheffin Von der Leyen bei engem Treffen a Schottland e Kompromëss fonnt.
D’EU-Kommissioun hat sech intensiv fir en Accord mat den USA agesat, fir d’Handelsbezéiungen am Wäert vun 1,9 Billiounen US-Dollar d’Joer ze sécheren. Den Trump hat Ufank Abrëll e Sträit ëm Taxe mat Handelspartner weltwäit ausgeléist.
D'Europäer engagéiere sech och fir de Kaf vun amerikanescher Energie an et solle Milliarden an den USA investéiert ginn. Den Taux vu 15% soll op de meeschten Importer gëllen, zum Beispill Autoen, Semi-Conducteuren a Pharma-Produiten. Op verschiddene strateegesche Produkter solle keng Strofen applizéiert ginn, zum Beispill fir de Beräich Weltraum. D'Taxen um Stol an Aluminium bleiwen dogéint bei 50%.
Der EU hat hie rezent nach mat Taxe vu 30 % gedreet, déi den 1. August a Kraaft getruede wieren, wann et bis dohinner keng Eenegung ginn hätt.