Am Massiv vum Mont Blanc an de franséischen Alpen ass e Méindeg e griicheschen Alpinist ëm d'Liewe komm.

Den 30 Joer ale Mann, deen eleng mat engem "grousse Rucksaak" ënnerwee war, wéi et vun de lokalen Autoritéiten heescht, ass e Méindeg am sougenannte "Couloir du Goûter", dee bei Experten als "Doudeskorridor" bezeechent gëtt, e puer Honnert Meter an d’Déift gefall. Warscheinlech aus Middegkeet oder well hien net gutt opgepasst hätt, heescht et vun de Secouristen.

Am "Couloir du Goûter" si bis ewell scho méi wéi 100 Alpinisten ëmkomm. De geféierlechsten Deel vun der Mont-Blanc-Route ass berüchtegt, well am Summer dacks Steng den Hiwwel erofgefall kommen a Leit kënne mat ewech rappen.