Kee vun den 252 aus den USA expulséierte Venezuelaner war Gang-Member

© AFP/Archiv/Federico PARRA
D'US-Regierung hat am Mäerz 252 venezuelanesch Migranten expulséiert mat der Begrënnung, si géifen zur Gang "Tren de Aragua" gehéieren.
D'Männer waren am Mäerz an en Héichsécherheetsprisong am El Salvador expulséiert ginn, ier se viru gutt zwou Wochen zeréck a Venezuela bruecht goufen. Elo huet déi venezuelanesch Regierung sech zu der Decisioun vun den USA geäussert. D'Behaaptung vun der Trump-Regierung, dass déi expulséiert Männer Membere vun enger Gang wieren, wier eng Lige gewiescht.
Den Inneminister Diosdado Cabello hat e Méindeg virun der Press betount, kee vun den expulséierte Männer wier Member vun der krimineller Band "Tren de Aragua". D'Virwërf wiere genee ënnersicht ginn, esou de Cabello. Zwar géif et géint 20 vun hinnen e Casier ginn, dovunner 7 wéinst "schwéieren Delikter", ma kee vun de Männer stéing a Relatioun mat der Gang.
Den Donald Trump hat sech bei senger Decisioun, déi 252 Männer ze expulséieren, op e Gesetz aus dem Joer 1798 iwwer "auslännesch Feinde" beruff.